Den Drotiesel op der Rull

Logo on the bike of Den Drotiesel

E Mierscher Familljebetrib

Mir sinn d’Juliette an de Claude, d’Koppel hannert dem Drotiesel. Schonn zanter enger Zäit hate mir de Wonsch, eppes zesummen ze schafen – eppes, wou mir eis Freed um gudden Iessen a flott Momenter mat anere Leit deele kënnen.

Dësen Dram ass elo Realitéit op Rieder ginn! Den Drotiesel ass eise Foodbike, wou mir leckert Iessen an erfrëschend Gedrénks ubidden. Mir leeë ganz vill Wäert op lokal an/oder bio Ingredienten a Produiten.

Wann mir net grad hannert eisem Foodbike stinn, si mir beschäftegt mat eisen dräi Kanner oder eise respektiven Deelzäit-Aarbechten.

Eist Zil ass einfach: gudde Service, eng agreabel Ambiance an eng héichwäerteg Qualitéit ubidden. Fir eis gëtt et näischt méi Schéines, wéi zefridde Clienten ze gesinn, déi eis Produite genéissen, laachen a sech wuel fillen – dat ass eis gréisste Belounung.

Kommt bei eis laanscht a verbréngt e flotte Moment mat eis – mir freeën eis drop, iech begréissen  ze kënnen!

Den Drotiesel: de beschte Choix fir äert Event!